Royal Hamilius (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

De Projet “Royal Hamilius” sou keen nohaltege Projet, wéi op den Affichë gäre suggeréiert gëtt. Mir erklären, wisou!

D’mp3 downloaden!

Um Aldringer an der Stad steet grad eng riesech Baustell. Wou soss déi städtesch Busser gehalen hunn an sech am Ënnergrond d‘Jugendkultur getraff huet, ass lo een Lach. Gebaut gëtt de Projet „Royal Hamilius“, deen – op mannst der Reklamm no, Wunnen, Schaffen an Akafen op enger Plaz vereenege soll. Ass dat dann elo net super, wou et ëmmer heescht, sou eng Mëschung vun de Funktioune wier enorm nohalteg?

Op 36.000m² solle Wunnengen, Büroen an Akaafsflächen entstoen. Allerdéngs gëtt déi vill Plaz am Zentrum vun der Stad net dofir genotzt, soziale Wunnraum ze bauen, mä et gi 70 Luxus-Wunnengen an de gréisste vu 45-300 m² gebaut. Déi sollen dann, wéi d‘Immobilliere unicorn veréiert, „tres haut de gamme“ sinn. Och d‘ Büroen, déi wahrscheinlech fir Akteure vun der Finanzplaz geduecht sinn, ginn als Luxus bezeechent. Sou ass um Site vum Projet Royal Hamilius ze liesen, datt et net nëmme Büroe wieren: „Pas seulement un bureau. Un cadre de vie privilegie.“

Och wann den ëffentlechen Transport, nämlech de neien Tram ganz prominent op de Reklammbiller fir Projet ze gesinn ass, sou ass de Royal-Hamilius awer op den motoriséierten Individualverkéier, also d‘Ronderemfueren mam Auto, konzentréiert. 630 Parkplaze sollen et dofir einfach maachen, den Komplex ze erreechen. Sou heescht et um offizielle Site:„Se garer facilement, sans perdre de temps a chercher une place de parking, sans s’enerver, ni tourner en rond…

Vill Parkplazen zéien natierlech vill méi Verkéier un. Ween sech am Moment iwwert de Stau an der Uewerstad iergert, deen duerch d‘Baustell geschitt, kann sech schonn op dee Moment freeën, wann de Projet fäerdeg ass an d‘Leit, déi an d‘Galeria oder den Delhaize am Royal-Hamilius wëllen, weider Stau verursaachen.

Den „Aldrenger“, dee virun der Post an ënnerierdesch ëmmer een Treffpunkt fir jonk Leit a Subkulture war, wäert no de Bauaarbechte ganz anescht ausgesinn. Eng Foußgänger*innenzone soll d‘Stad méi attraktiv maachen – allerdéngs wäert se och d‘Präisser um Wunnengsmaart an d‘Luucht dreiwen. An déi Zäiten, wou sech Jugendlecher ouni Konsumzwang um Aldringer ophale konnten, sinn da wuel och eriwwer. Op der Platz, déi virun der Post entsteet, sinn virun allem kommerziell Aktivitéite virgesinn, also Caféen oder een Maart. Et ass och dovunner auszegoen, datt den ëffentleche Raum net sou gestalt wäert ginn, datt et keng Freed mécht, sech laang do opzehalen: Onbequem oder guer keng Bänken, keng iwwerdaachte Flächen déi een bei Reen benotze kann, etc.

Am Groussen a Ganze gesäit een also, datt de Projet Royal Hamilius net dat „Vorzeigeprojekt“ ass, fir deen en verkaaft gëtt. Duerch de renge Luxus-Charakter ginn d‘Wunnengspräisser wahrscheinlech nach an d‘Luucht an et kënnt zu enger weiderer Verdrängung vun aarme Leit aus dem Stadzentrum un d‘Peripherie. Och am Beräich vun der Mobilitéit gëtt den ale Kredo vun der autogerechter Stad oprecht erhalen, wéi een och grad un der Baustell gesäit, wou schonn eng laang Bëtongsramp fir d‘souterrains-Parkinge gebaut gëtt. Progressiv städebaulech Politik gesäit anescht aus: Sozialwunnengen, wéineg Parkingen, soziale Fräiraum ouni Konsumzwäng – all dat wäert um „Aldringer“ fehlen.

 

(Foto: modifizéiert, Originalbild CC BY-SA 4.0 by MMFE)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

2 thoughts on “Royal Hamilius (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

    1. Léiwe Rudi, Merci fir däi substantiellen Kommentar. Et freet eis, datt s du soss näischt un eisem Text auszesetzen hues, wéi datt en net sou grëndlech duerch de Spellchecker gaangen ass. Iwwregens gi Wieder um Ufank vum Saz grouss geschriwwen, mä dat seet de Spellchecker engem leider net.