Raumplanung an Mobilitéit (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

Zu Lëtzebuerg ginn et 660 Autoen op dausend Awunner*innen. Dat ass eng enorm héich Zuel an de Grand-Duché ass domadder Spëtzereider an Europa. Mä wisou ass dat dann eigentlech sou? Wisou ass een*t zu Lëtzebuerg sou staark op den Auto ugewise?

D’mp3 downloaden!

De Grond dofir ass zu engem groussen Deel an der Raumplanung ze sichen. Historesch gesi gouf et an deene läschten 200 Joer eng Entwécklung zu ëmmer méi Vitesse, déi eis Liewensrealitéiten enorm verännert hunn. No den Pärdstrammen koum d’Eisebunn, no der Eisebunn d’Autoen an Mëtt vum läschte Joerhonnert dunn och flächendeckend Autobunnsnetzer. Vitesse féiert awer net dozou, datt sech Zäit, déi mir am Alldag ënnerwee sinn, verkierzt – nee, mir fuere just méi wäit. Et gi Studien, déi op der ganzer Welt gekuckt hunn, wéi laang d’Leit ënnerwee sinn. Am Dag sinn dat ongeféier 90 Minutten, egal wat fir een Fortbeweegungsmëttel an wat fir Infrastruktur zu Verfügung steet. Dobäi ass et ganz egal, ob d’Leit sech just zu Fouss, mam Vëlo oder iwwert eng Autobunn fortbeweegen.

Mat dem Wësse kënne mir vläit een néie Bléck op d’Konzept vun der Mobilitéit werfen. Mobil sinn heescht net, méiglechst vill oder wäit mam Auto fueren ze kënnen, mä seng Zieler am Alldag gutt ze erreechen. Virun allem sollen déi sougenannt Daseinsgrundfunktiounen wéi Schaffen, Sech Erhuelen, Ausbildung, Wunnen an Sech Versuergen ouni Problemer erfëllt kënne ginn. Ween ass da lo méi mobil? Déi Persoun, déi fir Anzekafen, fir ze Schaffen an fir bei den Dokter jeeweils 20 Minutte mam Auto muss fueren oder déi Persoun, déi dat alles an 5 Minutte mam Vëlo erreecht?

Zu Lëtzebuerg sinn et virun allem déi sougenannt „Cité“en, déi dofir suergen, datt mir ëmmer méi ronderëm fuere mussen. Op ganz vill Fläch wunne ganz wéineg Leit an groussen, fräistoenden Eefamilljenhaiser. Et gëtt eng Trennunge vun de Funktiounen, dat heescht geschafft gëtt an der Zone industriel, gewunnt am Wunngebitt, akaaft am Akafszentrum op der grénger Wiss an och fir aner Erleedgungen vum deegleche Liewen ass een op den Auto ugewisen. Dës Trennung féiert virun allem zu Verkéier. En aneren Effekt ass awer och, datt et zu enger Zentraliséierung kënnt. Grouss Uertschafte gi vun der Politik bevirdeelegt an Infrastruktur an de klengen Dierfer gëtt zeréckgebaut, well dovunner ausgaange gëtt, datt jo souwisou jiddereen*t alles mam Auto erreeche kann. Ee Beispill dovunner wieren déi vill Postfilialen, déi Ufank vun dësem Joer zougemaach goufe mat der Argumentatioun, datt jo an all Gemeng eng Post géif bleiwen. Ennert dësem Auto-zentréierten Denke leide virun allem déi Schwaach an eiser Gesellschaft: déi Jonk, déi Aal an déi Aarm.

Déi grouss, fräistoendend Eefamilljenhaiser an de Citéen hunn awer och nach aner ökologesch Problemer. Si verbrauche vill Fläch, vun där der och vill versiggelt gëtt. Dat heescht, datt d‘Reewaasser net méi sou gutt oflafe kann, wat de Risiko vun Iwwerschwemmunge méi héich mécht. Ausserdeem ginn sou d‘Kläranlagen a Fall vun engem Donnerwieder dacks iwwerlaascht, well et sou enorm grousse Waassermasse kënnt. Grouss, fräistoendend Eefamilljenhaiser hunn och vill méi een héigen Energieverbrauch wéi Appartementshaiser. Dat net nëmme beim Hetzen, mä och bei Energie déi vir den Transport gebraucht gëtt.

Wéi kënnen dës Problemer geléist ginn? Et gëtt keng magesch Äntwert. Et muss een als éischt d‘Fakte kucken an unerkennen, datt et an deene Wunngebidder, déi an der Fläch gebaut ass, enorm schwierg an déier ass, Infrastruktur bereet ze stellen. Eng Gemeng, déi vill nei Citéen huet, muss enorm vill Suen an Stroossen, Leitungen, Réier, asw. Investéieren. Do bleift da wéineger fir den ëffentlechen Transport, deen et och schwiereg huet, an der Fläch d‘Leit do ofzehuelen, wou se et brauchen. Fir dat laangfristeg ze änneren, brauch et een Ëmdenken an der lëtzebuergescher Raumplanung. Et mussen Iddie gesicht ginn, wéi d‘Cité zeréckgebaut ka ginn an mir richteg Urbanitéit zu Lëtzebuerg entstoe loosse kënnen.

Dofir muss d‘Zesummespill vu Wunnen, Schaffen an Sech Versuergen awer méi wéi een politescht Schlagwuert ginn, dat op Luxus-Projeen gepëscht gëtt, fir déi nohalteg wierken ze loossen. Eng nohalteg Raumplanung baut nohalteg Mobilitéit mam Vëlo a mam ëffentlechen Transport vun Ufank un mat an. Uertschaften dierfen dann net méi fir den Auto, mä fir d‘Menschen geplant a gebaut ginn.

(Foto: Original released under the GNU Free Documentation License by Les Meloures.)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *