Veganismus

Als Vegan bezeechnen sech Leit déi bewosst op d’Konsuméiere vu Produkter deierlecher Hierkonft, a fir d’Hierstellunge vun deenen, Deieren zu Schued komm sinn, verzichten. Dat heescht am Kloertext, kee Fleesch, kee Fësch, keng Eeër, keng Mëllech, kee Lieder, keng Produkter déi op deiere getest gi sinn etc. Dat dote sinn natierlech déi grob Richtlinne wann een sou well. Innerhalb vun deene Kommunitéite ginn et ëmmer erëm laang an intensiv Diskussiounen driwwer wou een d Grenzen zeie soll/däerf. Et léist sech schwéier ofstreiden dass duerch d’Testen op Deieren d’Medezin an aner Wëssenschafte riseg Fortschrëtter gemaach hunn. Mais dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier.Fir d’Entstoung vun der Veganer Beweegung a Westeuropa reese mer elo ee Stéckchen zeréck an der Zäit.
Déi eicht Texter an niddergeschriwwe Beweiser fir eng Vegan Liewensaart an Ernährung kommen aus England an Amerika. Am 19ten Joerhonnert hunn sech schonn Intellektueller, Schrëftsteller*innen a Kënschtler*inne fir eng Deiere-Fräi Ernährung staark gemaach. 1872 huet d’Victoria Woodhull, de eicht weiblech, amerikanesch Presidentschaftskandidatin och eng Fleesch-fräi Ernährung an hirem Programm manifestéiert. Vegan Ernährung gouf zu der Zäit am meeschte fir medezinesch Zwecker ugewannt a sollt Krankheete wei Kriibs, Tuberkulos an Akne bekämpfen. 1931 huet sech de Mahatma Ghandi bei enger Ried fir d’Vegetarian Society zu London fir eng Vegan Ernährung, net aus gesondheetlechen, mee aus ethesche Grënn staark gemaach.
Säit de 1960er Joren huet sech Veganismus als feste Bestanddeel vu fille Bewegunge vu Lénker-Géigekultur etabléiert, sief et d’Hippie Beweegung vun de 60-er a 70er Joren, oder an de politesche Kreesser vu Punk, Hardcore a Metal Musek. Aus deene Subkulturen huet sech déi Ideologie ab 2010 staark a méi grouss Gesellschaftkreesser verbreet a fënnt virun allem bei Jonke Leit ob Zoustëmmung.An der Diskussioun iwwer Veganismus kommen ëmmer dräi grouss Punkten op. ETHIK, GESONDHEET an och ëmmer méi, ËMWELTSCHUTZ. Dës sinn dräi Punkte wou eng vegan Liewensaartaweis direkt positiv Auswierkungen op dat eegent Liewe wei op d’Gesellschaft am grousse Ganzen huet.Den ethege Volet ass d’Haptkomponent vum Veganismus. Vegan Leit gesinn et als falsch un Deiere fir eis Zwecker ze mëssbrauchen oder ze benotzen. Et geet och net drëms ze soen dass een Deier gutt behandelt gouf befiert et ëmbruecht gëtt, mee dorëm dat Mënschen iwwert Liewe vun Deiere  bestëmmen. Decidéiere wéini der wéi vill op d’Welt kommen, just fir se herno als Fudder ze benotzen. Dorausser huet sech och den Antispezizismus entwéckelt an der sech d Fro stellt wisou ee mënschlecht Liewe méi Wäert soll hunn wei dat vun engem Deier. Veganer ruffen zu enger méi matfillender a respektvoller Gesellschaft op, vis-à-vis vun den Deieren, wei vun de Mënschen.De gesondheetleche Volet vun der Diskussioun ass deen an der Ëffentlechkeet am meeschte gefouert gëtt an och generell op di gréissten Zoustëmmung stéisst. Ëmmer méi Studie weisen dass de Konsum vu Fleesch, Mëllech an Eeër schiedlech ass fir de Mënsch. Fetteg, Cholesterol fördernd a souguer als kriibsereegend gouf de Konsum vu Fleesch agestuuft. Och Mëllech ass wesentlech manner gesondheetsfördernd wei eis als Kanner ëmmer bäibruecht gëtt. Dobäi kennt och dass ronn 1/3 vun der Weltbevëlkerung als, deelweis bis komplett, lactoseintolerant ageschat gëtt.
An Planze fënnt de Mënsch all Nährstoffer déi et och am Fleesch oder anerer Produkter gëtt. Vun Proteinnen, iwwer Calcium an Eise bis zu Ballaststoffer a Vitaminnen ass alles dobäi. Tofu, Lënsen, Bounen, Ierbessen a ganzt gewéinlecht Uebst a Geméiss soe Moien. Natierlech ass eng komplett Iess-Ëmstellung net einfach a mat Energie an Zäitopwand verbonnen.
Dozou kennt och dass an der Massendeierenhaltung den Déiere fill ze oft Antibiotiken an d’Fudder gemëscht gëtt fir ze vermeiden dat Deiere krank ginn. Well a risege Ställ vun 1000den Deieren ass et praktesch onméiglech all Deier déi néideg Fleeg a medezinesch Betreiung ze gi fir dass se all gesond bleiwen. Des Iwwerbenotzung vun Antibiotike feiert dozou dass sech Bakterië mat immens staarke Resistenze bilden déi dann duerch de Konsum vum Fleesch propagéiert kenne ginn.Schlussendlech spillt Ëmweltschutz beim Veganismus och eng grouss Roll. D’Fleesch a Mëllech Industrie ass ee vun de gréissten Ëmweltverschmotzer weltwäit. Zuele vun der UN weisen dass d’Fleeschindustrie mat 14,5% vun allen weltwäiten Treibhausgase fir méi Emitioune verantwortlech ass wei d Stroumindustrie oder den automobile Sekteur. 25% vum Drénkwaasser ginn am Schnëtt vun der Fleeschindustrie verbraucht an 33% vum weltwäiten Akerland gëtt dofir benotzt Deieren aus der Fleeschproduktioun ze fidderen. Déi gigantesch Zuelen entstinn doduerch dass Fleesch keen direkte Produit ass, mee dass eng Rei aner Produiten als eicht mussen hiergestallt gi fir iwwerhaapt kenne Fleesch ze produzéieren, virun allem Fudder. De gréissten Deel vum weltwäit ugebaute Mais a Soja gëtt benotzt fir Kéi a Schwäin ze fidderen. Fir dëst Fudder, wat de Mënsch a senger éischter Form well iesse kéint, gëtt Waasser gebraucht. Dono ginn des Planze gepléckt, gewäsch, veraarbecht an iwwer Land, Waasser a Loft-Weeër zur weider Notzung transportéiert. Och Deiere mussen dann an d Schluechthaus transportéiert ginn, fir gebotzt, geschluecht a veraarbecht ze ginn. Vun do geet et da weider an de Supermarché fir da réicht beim Konsument ze landen. Déi onmoosseg Verschwendung vu Waasser, Iessen an Energie kennt engem nach méi absurd wann ee bedenkt dass weltwäit Milliarde Leit un Honger a Waassernout leiden.
D’Umooss déi d’Fleesch-Industrie ugeholl huet sinn sou enorm grouss, dass d’Kéi duerch hier Verdauung déi weltwäit gréisste Methan-Gas Produzent sinn an sou och nach  erheebleche vum Klimawandel bäidroen. Dann kennt nach dobäi dass fir den néidege Mais a Soja unzebauen a Süd Amerika Masseweis Bëscher gerodet gi fir Platz fir Felder ze maachen. Dëst Lëscht mat Argumenter kéint een nach laang weiderféieren.Veganismus ass méi wei just eng trendy Aart a Weis gesond ze liewen a fit ze bleiwen. Et ginn net fill Liewenaartaweisen déi sou ee groussen Impakt op eis Gesellschaft hunn bzw. kéinten an déi dobäi sou einfach sinn. Veganismus ass eppes wat an eiser Gesellschaft fir di meescht Léit accessibel ass. Vegan Produite kaschte meeschtens net méi wei Fleesch a wann een sech d’Zäit hellt selwer ze kache kennt ee fir manner Geld méi gesond, ëmweltfrëndlech an mat méi Matgefill fir all d Lieweweisen déi em een sou gëtt duerch d Liewen.
Et ass keng Fro vu kennen, just vu wëllen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *