Antifaschismus

Antifaschistische Aktion, oder kuerz Antifa, ass ee Label deen duerch d’Geschicht erduerch vu villen Eenzelpersounen a Gruppe benotzt ginn ass, fir sech Faschist*innen entgéint ze stellen. “D’Antifa” existéiert also net als  Grupp, wei dat dacks an de Medien duergestallt gëtt. Et gëtt net déi ENG Antifa-Grupp déi d’Aktiounen iwwerall koordinéiert. Et si vill verschidde méi oder manner grouss Gruppen déi dezentral Aktioune setzen an heiansdo och mol méi grouss op een Datum hin mobiliséieren.

Eng éischt “Antifa” gouf et schonn an den 1920er Joren an Däitschland. Enner dem Label “Antifaschistische Aktion” hunn sech Sozialist*innen, Kommunist*innen an Anarchist*innen zesummefonnt, fir eenheetlech géint den eropkommende Faschismus virzegoen – leider am Nachhinein mat wéineg Erfolleg. Den historesche Logo vun der “Antifa” gëtt och haut nach a liicht ofgewandelter Form vun Antifa-Gruppe rondrëm d’Welt benotzt.

D’Aktiounsmëttelen déi benotzt gi si vun dohier och extrem villfälteg: Et existéiere biergerlech Bündnisser, wou zum Deel och Parteien dra sinn. D’Aktioune vun deene Gruppe beweegen sech meeschtens streng am legale Kader. Donieft ginn et autonom Gruppen an Bündnisser, déi ëffentlech Kommunikatiounsaarbescht leeschten a vun dohier och eichter Demoen asw organiséieren. Dës Gruppen erklären sech awer solidaresch mat allen Antifaschist*innen, onofhängeg vun de benotzte Mëttel.  An da gëtt et nach Persounen oder Gruppen déi eichter klandestin operéieren an dacks och Mëttele benotzen, déi no aktueller Rechtslag net ëmmer legal sinn. Si trieden net no baussen op, well se sou kenne sécher goen, dass d’Gefor vu staatlecher Repressioun sou kleng wei méiglech ass.
Antifaschisteschen Kampf besteet haaptsächlech doraus, déi momentan Gesellschaft viru sengen eeklegsten Ausbrütungen ze schützen. Et ass also méi Verteidegungskampf, Ofwier a Reaktioun op riets Aktioune wei Kampf fir eng progressiv Gesellschaft. Trotzdem hunn déi meescht Gruppen den Usproch hier Aarbecht net dorop ze beschränken, mee och selwer eng lénksradikal Politik virun ze bréngen. Mat dem haitege Rietsruck vu Politik a  Gesellschaft ass dat zimlech schwiereg. Dacks bleift net vill Zäit an Energie iwwreg, bei deem ganze Schäissdreck dee vu Riets kënnt. Trotzdem ass et immens wichteg Antifaschismus net als eenzelne Kampf ze gesinn, mee als deel vun enger progressiver Praxis.

Ganz vereinfacht duergestallt, gëtt et eigentlech zwou Aart a Weise wei sech déi meescht Aktivist*inne géint Riets engagéieren, engersäits gëtt et de symbolesche Protest an op der anerer Säit gëtt et Blockade vu rietsen Demoen oder Veranstaltungen. Beim symbolesche Protest geet et virun allem drëms an der Ëffentlechkeet an an de Medien ze weisen, dass et Mënsche ginn, déi net riets Denken an sech fir eng oppe Gesellschaft asetzen. Bei de Blockade geet et geziilt dorëms déi geplangte Veranstaltung vun de Faschoen net stattfannen ze loossen, an doduerch iwwerhaapt ze verhënneren, dass si hier riets Ideologië kënne verbreeden. Déi zwou Aarte vum Protest sinn an eisen Ae legitim a verdéngen eis Solidaritéit.

Ee wichtegen Deel vun der antifaschistescher Aarbecht ass d’Recherche. Dobäi geet et drëms, op méiglechst ville rietsextrem Veranstaltungen ze sinn, Fotoen ze mäen an och iwwert déi Persounen déi do uwiesend sinn, ze recherchéieren. Doduerch kenne Connections tëscht Eenzelpersounen oder Gruppen opgedeckt ginn, Nazie kënne geoutet ginn a mussen sech doduerch fir hier riets Ideologie verantworten. Et ass och schonn ëfters virkomm, dass Strofdote vu Rietsextremist*innen opgekläert konnte ginn duerch d’Arabescht vun der Antifa Recherche.

Ee Wuert wat oft am Zesummenhang mat Antifa benotzt gëtt ass “Black Block”. De Black Block ass eng Aktiounsform wou sech Persounen alleguerte schwaarz undoen, fir als Mass kënnen opzetrieden an sech doduerch viru Repressioun vun der Police a virun Ugrëffer vun Nazien ze schützen. Dacks gëtt vu biergerlecher Säit kritiséiert, datt d’Persounen am Black Block sech fir dës Aktiounsform vermummen. D’Argumenter sinn dobäi, datt een säi Gesiicht misst weise wann een sech fir eppes asetzt, oder datt een sech nëmme géif vermummen, fir kënne Schäiss ze bauen. Tatsächlech ass d’Vermummen awer virun allem ee Moyen zum Selbstschutz. Wann Persounen oft op Antifa-Demoe ginn, dann ass et nëmmen eng Fro vun der Zäit bis d’Nazien oder d’Police déi Persounen erkennen an se doduerch enger gréisserer Gefor ausgesat sinn. Repressiounsgefor vun der Säit vun der Police kann sech op vill Aart a Weisen ausdrécken. Déi diskretsten Aart a Weis ass wahrscheinlech wann eng Persoun z.B. eng Geldstrof ze bezuele kritt, well se z.B. bei enger Blockade vun enger Nazidemo matgemaach huet. D’Police filmt a bestëmmte Regiounen Antifademoe komplett mat, wann een also all Kéiers déi Persoun mat der rouder Jacketten ass, dann ass et relativ liicht eraus ze fannen op weivillen Demoen déi Persoun war. Och de Verfassungsschutz probéiert d’Antifastrukture genau ze kennen an ze duerchkucken. De Sënn vu Repressioun ass, den Aktivist*innen Angscht viru weideren Aktiounen ze maachen.

Ausserdeem gëtt et net nëmmen Antifas déi Recherche iwwert Nazie maen, mee och Nazien déi Anti-Antifa-Recherche mäen. Wann déi z.B engem seng Adressen erausfannen, kann dat ganz geféierlech ginn. Oft ass et scho virkomm dass Lenks Aktivist*innen ageschüchtert oder souguer kierperlech ugegraff goufen. Fir dës Angscht net hunn ze mussen, setzt d’Aktiounsform vum “schwaarze Block” also op Vermummen. An eisen Aen ass et wichteg, antifaschistesch Solidaritéit net just op Persounen déi “hiert Gesiicht weisen” ze beschränken, mee op all Aktiounsform auszebreeden.

Vun bannen a vu bausse kënnt oft de Virworf, dass d’Antifa martialesch oder souguer machistesch optrëtt. Dofir gëtt et eng Beweegung an autonomen Antifa Kreesser, déi sech Fantifa nennt a feministesch Uspréch och un d’Antifa-Arbescht stellt. D’Fraen* wëllen net vu fir era bei verschiddenen Aktiounsformen ausgeschloss ginn, egal ob dës geféierlech sinn oder net. Et gëtt Reflektiounen iwwert d’Openheet an d’Ausriichtung vun Antifagruppen, Männlechkeet gëtt reflektéiert, etc. Dozou fënnt den 20. bis den 22. Mee zu Hamburg ee ganze Fantifa-Kongress statt, deen net nëmme fir FLIT* Persounen oppen ass.

Eng weider Iwwerschneidung gëtt et mat antirassitescher Aarbecht, kuerz AntiRa. Hei geet et drëms aktiv Persounen oder Gruppen déi vu Rassismus betraff sinn ze ënnerstëtzen, z.B. bei Abschiebungen. Duerch AntiRa Solidaritéit kënnen esou ëmmer nees Abschiebunge verhënnert ginn. Informatiounen zu wei een sech uleeë ka fir Persounen déi vun Expulsioun betraff sinn aktiv ze ënnerstëtze gëtt et op: http://nodeportation.antira.info.

Well et schwiereg ass een esou breede Begrëff a kuerzer Zäit méiglechst verständlech ze erklären, sti mer fir weider Froen dozou gären op FB oder per Mail zur Verfügung.