Straight Edge

Straight Edge ass en Begrëff de benotzt gëtt fir eng bestëmmte Liewensastellung ze definéieren. Leit déi sech als Straight Edge bezeechnen, verzichte bewosst op Drogekonsum. Woubäi een net just op haart oder illegal Droge verzicht. Eng Drog soll an dem Kontext als Substanz déi ofhängeg mëscht an d’Bewosstsinn ännere ka verstan ginn. Leit déi sech als Straight Edge bezeechne verzichten also souwuel op z.B. Cannabis, Heroin an Extasy, mee och op Alkohol an Tubak.
Entstanen ass déi Subkultur Ufank der 1980er als Reaktioun op de staarken Drogekonsum an der Punk Szen, Persounen a Gruppen aus dem Hardcore-Punk hunn mat komplettem Verzicht op Drogen dorop reagéiert.
Déi meeschte Leit déi sech als Straight Edge verstinn, verzichte just op Drogen, et gëtt awer ëmmer erëm Persounen oder Gruppen déi “drug free life” nach an aner Richtungen interpretéieren: vegetaresch oder vegan sinn, keng “one night stands” oder souguer kee Sex virum Bestietnis.
D’Bezeechnung “Straight Edge” gouf vum Lidd vun der Band Minor Threat ofgeleet wouran de Sänger erklärt, dass hie besseres ze dinn huet wei sech zou ze dröhnen. “I’ve got the straight edge” soll also op ee kloren a schaarfe Verstand hiweisen, wouhier den Numm entstanen ass.
Oft gëtt de X als Symbol fir SxE benotzt, dee kënnt dohier dass an Amerika “all ages” Shows organiséiert goufen, wou Persounen ënnert 21 Joer ee X mat engem Stëft op d Hand gemoolt krute fir dass se un der Bar keen Alkohol kafe kéinten. Iergendwann gouf dat vun der SxE Beweegung adoptéiert als Zeeche souwuel op der Hand wei och op Merch vu SxE Bands.
Et gëtt extrem politiséiert a souguer mackereg oder fundamentalistesch SxE Stréimungen, mee SxE kann och eng politesch Connotatioun hunn.
Sou ass SxE och als Protest géint Kapitalismus ze gesinn, andeems een op enger perséinlecher Ebene probéiert dem System vun, am Dag de Stress aushalen an Owes de Stress vergiessen, eppes entgéint ze setzen.
Drogenofhängegkeet war schonn ëmmer en Problem de verstäerkt an den ënnerdréckte Schichte virkomm ass. De Problem gouf als weidert Symptom vun der Misère gesinn den duerch kapitalistesch Zoustänn entstan ass. Alkohol gouf an den Aarbechter*inne Bewegungen a vun Anarchist*innen als Gëft ugesinn dat vun der Bourgeoisie benotzt gouf fir de kloren Verstand vun der schaffender Bevëlkerung ze ënnerdrécken.
Wou verschiddener Drogen als eng Substanz gesinn déi hinnen hëlleft d’Ënnerdréckung an d’Aarmut ze vergiessen, do gesäit d’Straight Edge Bewegung genau dës Substanzen als Hinderniss fir aus dem Elend erauszekommen an erhoffen sech duerch Abstinenz déi néideg Denkfähegkeete bäizebehale fir sech ze befreien.
Sou ass et am antifaschistesche Kampf och wichteg ee kloren Kapp ze behalen, fir kënne schnell a bewosst op konfrontativ Situatiounen ze reagéieren.
Et geet also ëm Bewosstsinn, drëm Responsabilitéit ze iwwerhuelen an drëms onofhängeg ze agéieren.
Anerersäits gëllt et sech och der Alkohol- an Tubaksindustrie entgéint ze setzen. Enger Industrie déi dorop ofziilt duerch d’Sucht a Krankheet vun de Konsumente Profit ze maachen. Straight Edge kann also och als Boycott géigeniwwer dësem kapitalistesche Mechanismus den d’Ofhängegkeet vun de Leit fir Profit ausbeut, ze verstoe sinn.

Leider gi mer duerch dës Definitioun dem Cliché vum lénks-gréng-verkifften-antifa-Demonstrant net gerecht. D’Straight-Edge Bewegung ass nämlech och Deel vum lénksradikale Spektrum.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *