Feminismus

De Prinzip vum Feminismus ass eigentlech ganz einfach erklärt: All Mënsch, egal ob Mann oder Fra, sollen déi selwecht Rechter hunn an onofhängeg vun hirem Geschlecht mam gläiche Respekt behandelt ginn. Klengt simpel, ass et och.
Sou selbstverständlech wéi des Definitioun ass, sou ginn et trotzdem ëmmer Bedenke géigeniwwer dem Feminismus. Brauche mir iwwerhaapt haut nach Feminismus?
Och dës Fro ass ganz einfach mat engem “Jo” beäntwert.
Just well eng Fra Presidentin ka ginn oder CEO an enger grousser Boite, heescht dat net dat et kee Sexismus méi gëtt an dat ee Feminismus net méi brauch.
Frae verdéngen an der Moyenne manner wéi Männer fir déi selwecht Aarbecht, Frae sinn ënnerrepresentéiert a Verwaltungsréit, Parlamenter an anere Féierungspositiounen, … Frae ginn dagdeeglech op der Strooss agresséiert, a si vill ze oft Opfer vun häuslecher Gewalt.
Wéinst all deene Grënn an nach villen aneren ass et wichteg d’Fraen an hirem Kampf fir Gläichberechtegung ze ënnerstëtzen.
Entstanen ass Feminismus als politesch Bewegung Enn vum 18., Ufank vum 19. Joerhonnert, wéi fir d’éischte Kéier Fraen sech zesummegedoen hunn, fir déi selwecht Grondrechter wéi d’Männer anzfuerderen.
Relativ fréi geet et dann an ëmmer méi Länner drëms, d’Wahlrecht fir Fraen ze erkämpfen. 1911 fënnt den éischte Weltfraendag, oder “Frauenkampftag” statt, wat maassgeeblech op d’Initiative vun der däitscher Kommunistin a Feministin Clara Zetkin zréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg dauert et nach bis 1929, bis den éischte Fraendag stattfënnt. Trotzdem gëtt 1919 zu Lëtzebuerg – éischter wéi a villen anere Länner – d’Fraewahlrecht agefouert – allerdéngs éischter aus politeschem Kalkül säitens der CSV hirer Virleeferin, der Rietspartei: Duerch d’Aféierung vun dësem Fraewahlrecht erhofft sech d’Rietspartei, dass eng Majoritéit vun de Frae beim bevirstoende Referendum iwwer d’Monarchie sech vir d’Grande-Duchesse ausschwätzt. Eng Rechnung, déi opgeet.
Zu Lëtzebuerg kann een ongeféier vun dem Zäitpunkt, also kuerz nom éischte Weltkrich, un, vun enger feministescher Bewegung schwätzen. Hiren Héichpunkt sollt dës Bewegung an de 70er Joere mam MLF, Mouvement de Libération des Femmes, erliewen.
Och haut nach ginn et aktiv feministesch Strukturen zu Lëtzebuerg, déi sech iwwer Joeren a Joerzéngte fir Gläichberechtegung, sexuell Befreiung a Chancëgläichheet asetzen. Eng dovunner ass de CID-Fraen a Gender, op dee mer nach wäerten zeréckkommen.
Sech fir Feminismus anzesetzen heescht awer méi d’Frae mat Respekt ze behandelen.
Et soll een natierlech als éischt op seng eegen Aktiounen oppassen, mee do hält et net op.
Feminismus heescht och, dat Rollebild, wat eis vun der Gesellschaft opgezwonge gëtt, ëmmer rëm a Fro ze stellen. Vu klengem un gi mir alleguer a Schablounen eragestach, kréie gesot, wéi een sech als “Jong” oder als “Meedchen” ze verhalen huet. Mir gi gezwongen, eis mat engem Geschlecht an den domat zesummenhänkend Rollebiller ze identifizéieren. Dobäi ginn et vill Mënschen, déi sech vläicht méi no un dem anere Geschlecht spieren, oder u guer kengem Geschlecht, oder un all de Geschlechter. Sech dofir anzesetzen, dass jiddwereen sech genau sou undoen, behuelen a verhale kann, wéi e grad Loscht huet, an net wéi d’Gesellschaft et vun em well, och dat ass Feminismus.
Mee Feminismus kann nach méi wäit goen: Feminismus ass eng Iddi, déi konstant am Wandel ass an sech weiderentwéckelt. Bei villen herrscht dat Bild vir, bei Feminismus géif et nëmmen drëms goen, de Frae méi Rechter anzegestoe wéi de Männer. Dobäi geet et net dorëm. Et geet drëm, déi gesellschaftlech Mechanismen, déi dozou féieren, dass Frae vu Männer ënnerdréckt ginn, opzedecken an ze bekämpfen. Dobäi versteet de Feminismus vun haut et ganz gutt, eng differenzéiert Vue op d’Gesellschaft ze werfen. De sougenannten “intersektionalen” Usaz zum Beispill versicht, d’Verflechtungen tëschent diverse verschiddenen Ënnerdreckungsmechanismen – Rassismus, Homophobie, Sexismus, Klassegéigesätz, fir der nëmmen e puer ze nennen – opzedecken an sou e ganzheetleche Bléck ze kréien.
Et ass wichteg ze verstoen, dass Kapitalismus, Sexismus, Rassismus, mee och aner Forme vun Ënnerdreckung an Diskriminéierung eng zesummenhänken. Si kënnen zwar och onofhängeg vunenee funktionéieren, mee si begënschtegen sech géigesäiteg a bauen openeen op an eiser Gesellschaft.
Wat huet de Feminismus bis haut erreecht? Ganz vill vun deene Saachen, déi mer haut als selbstverständlech wouerhuelen. Dass Frae schaffen däerfen zum Beispill, an dass se hire Mann net mussen em Erlaabnis froen, fir e Kont opzemaachen. Mee och, dass ee Verhütungsmëttelen iwwerall kafe kann an deelweis souguer rembourséiert krit, ass de Feministinnen hire Verdéngscht. Oder nach, dass eng “Interruption Volontaire de Grossesse” haut net méi als e Verbriechen ugesi gëtt. Och de Fait, dass eis Rollebiller un d’Wackele komm sinn, dass et haut nach aner Méiglechkeete ginn ze liewen, wéi sech fréi ze bestueden a Kanner ze kréien, kann ee gréisstendeels op d’Aktioun vun der feministescher Bewegung zeréckféieren, grad sou wéi nach vill aner Saachen.
Domat weisen eis d’Feministinnen och, dass een, wann ee bereet ass fir seng Rechter an Idealer ze kämpfen, villes erreeche kann, och wann et heiansdo e laange Wee ass.
Lassen wir uns nicht schrecken durch die Ungunst äußerer Umstände, haben wir für alle Schwierigkeiten nur eine Antwort: Erst recht!” sot d’Clara Zetkin eng Kéier, an huet domat och haut nach Recht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *