Aktioun Referendum 2015

Referendum Banner

Haut de Mëtteg hunn déi Jonk Lénk eng lescht Aktioun zum Thema Referendum an der Stad duerchgefouert. E Banner (4x25m) gouf, onwäit vun der gëlle Fra, direkt ënnert dem groussen National-Fändel befestegt. Op dësem wor ze liesen:

“Fir eis bauen a botzen: Jo
Mat eis entscheeden: Nee?”

Jonk Lénk wëll mat dëser Aktioun nach eng Kéier weisen dat et beim Referendum iwwerhaapt mol drëm geet, d’Demokratie am Land nees hierzestellen.Ënnert dem Deckmantel vun pseudo-historeschen/philosopheschen Iwwerleeungen iwwer Natioun a Nationalitéit verstoppt sech den eigentlechen Grond fir d’Ofleenung vum Auslänner*innenwahlrecht: Xenophobie an Angscht em déi eege Privilegien.
– Wéi kann een soss erklären, dat Leit lo opgrond vun hirer Nationalitéit als Gefor gesi ginn?
– Wéi soss kann een erklären, dat aner Elteren net iwwer Schoulpolitik, aner Aarbechter*innen net iwwer d’Sozialpolitik oder aner Pensionéierter net iwwer de Gesondheetssystem matschwätzen sollen?
– Wéi soss kann een sech erklären, dat beim Thema Auslänner*innenwahlrecht iwwer Souveränitéit, Muecht an Kontroll geschwafelt gett, net awer beim Thema LuxLeaks?

“D’Lëtzebuerger*innen wëssen genee wourems et hei eigentlech geet. Et geet em déi einfach Fro op de portugiseschen Bauaarbechter an déi franséisch Employée matbestëmmen däerfen” sou déi Jonk Lénk. “Et geet em d’Fro op déi Leit, déi eisen Eeleren am Fleegeheem den Hënner ofbotzen och eng Stemm kréien. Et geet em d’Matbestëmmung vun deene Leit, déi fir eis bauen a botzen.”

D’Wahlrecht fir all Betraffenen ass ee Grondrecht. Dass dat keng Selbstverständlechkeet ass, ass u sech schonns e Skandal. Kann een iwwerhaapt eng Hallschent vun der Bevëlkerung doriwwer ofstëmmen loossen, op déi aner wielen däerf?

Een “Nee” zum Auslännerwahlrecht wier fatal fir d’Zësummeliewen an dësem Land. Net d’Diskussiounen ronderem de Referendum, mä een Nee beim Referendum spleckt d’Land. An zwar an eng Halleschent déi bestemmt, an eng zweet Hallschent iwwert déi bestemmt gett. Een “Nee” huet dowéinst näischt méi mat Demokratie ze dinn. Mat engem “Nee” entscheed sech Lëtzebuerg dofir, d’Demokratie offiziell ofzelehnen.

Dat wäerten mir net akzeptéieren.

Jonk Lénk

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *